Developed in conjunction with Joomla extensions.

RESTAURATIOUN VUM DAACH
VUN DER KAPELL A VUM KLACKENTUERM
VUM BENEDIKTINERINNE - KLOUSCHTER ZU PEPPENG

 

Fir d’Éischt:
E GROUSSE MERCI UN ALL MENSCHEN,
DÉI VUN 2022 BIS HAUT
D’ASSOCIATION DU MONASTÈRE DE PEPPANGE (AMP)
BEI DËSEM PROJET ËNNERSTËTZT HUNN!

 

No 120 Joer war et onëmgänglech den Daach vum Klouschter awer virun Allem vun der Klouschterkapell a vum Klackentuerm ze restauréieren.

 

 

Hei de ganzen Artikel liesen 

RESTAURATIOUN VUM DAACH
VUN DER KAPELL A VUM KLACKENTUERM
VUM BENEDIKTINERINNE - KLOUSCHTER ZU PEPPENG

Fir d’Éischt:
E GROUSSE MERCI UN ALL MENSCHEN,
DÉI VUN 2022 BIS HAUT
D’ASSOCIATION DU MONASTÈRE DE PEPPANGE (AMP)
BEI DËSEM PROJET ËNNERSTËTZT HUNN!

D’Association du Monastère ass 1932 vu Benediktinerinnen aus dem Klouschter zu Peppeng gegrënnt ginn an zielt haut 10 Memberen, déi am Geescht vun de Benediktinerinnen d’Klouschter erhale wëllen.
De neien Deel vum Klouschter, de Bau a rouden Zillen, gouf 1904 no Pläng vum Sosthène Weis (bekannte Staatsarchitekt a Moler) gebaut. No 120 Joer war et onëmgänglech den Daach vum Klouschter awer virun Allem vun der Klouschterkapell a vum Klackentuerm ze restauréieren.
Hei e Réckbléck:
 
2020: Den Architektebüro carvalhoarchitects gëtt vun der AMP mam Projet «Restauration de la toiture du Monastère de Peppange» beoptraagt. D’AMP hellt en éischte Kontakt mat dem «Service des Sites et Monuments Nationaux» (SSMN) haut «Institut National pour le Patrimoine Architectural» (INPA)
De SSMN beoptraagt:
1. eng S.à r.l. vun Ingenieure eng Levée vum ganze Klouschtergebai ze maachen;
2. eng S.à r.l. eng Etude vun der historescher Substanz vum Klouschtergebai ze maachen.
2021: D’Levéeë vum Gebai gi gemaach fir präzis Pläng vum ganze Klouschter ze kréien.
2021-2022: D’Etude vun der historescher Substanz gëtt gemaach.
2022: Éischt Estimatioune vun de Käschte fir d’Restauratioun vum Daach féieren zu der Decisioun de Projet an 3 Phasen ze maachen:
Phase 1: Daach vun der Kapell mat dem Klackentuerm
Phase 2: Daach vun deem Deel vum Klouschter wou d’Haaptentrée ass
Phase 3: Daach vun der Sakristei, der Säitekapell an der Aumônerie.

Un Hand vun den Devis’e vun deene verschiddene Firmen war d’Estimatioun vun de Käschte fir d’Aarbechte vun der 1. Phase 551.962,45 € (Stand Juli 2023):

Aarbechten a Material: Daachdecker a Blechschléier
Restauratioun vun de Kamäiner an de Natursteng
Panneau Chantier
Installatioun Blëtzschutz
Honorairë fir Architekten, Etudë vum Statiker, asw.
 
 
 
306.503,66 €
37.480,00 €
3.500,00 €
37.700,00 €
88.743,60 €
TOTAL:    473.927,26 €
TVA 17%:     80.567,63 €
TOTAL TTC:    554.494,89
An der Estimatioun vum Architekte-Büro ass awer och eng Reserve fir Imprevuen virgesinn: 96.295,92 € + TVA = 112.666,23 €
Vu dass d’Klouschter zënter 2007 als Monument national klasséiert ass, hu mer en Dossier vun der Phase 1 vum Projet mat Fotoe vum katastrophalen Zoustand vum Daach, den Devis’e vun de verschiddene Büroen a Firmen an de Pläng vum Klouschter op den INPA geschéckt fir eng Subventioun un ze froen.
D’Promesse vun dem INPA gesäit eng Subventioun vu ± 18% op d’Depense vu 551.962,45 € vir.
Hei e puer Fotoen an Erklärungen
  • déi d’Noutwendegkeet vun engem neien Daach weisen
  • zu den Aarbechten, déi bis haut gemaach gi sinn.

2020:

Zoustand vum Daach vun der Kapell

A ville Leeë ware Lächer duerch déi d’Waasser era gelaf ass.

 

Um Späicher stoungen Eemeren a Bitercher fir d’Waasser op ze fänken.

 

Mee net nëmme d’Leeën hunn 120 Joer um Bockel.
D’Kamäiner si baufälleg a mussen dringend konsolidéiert ginn.



 

2024 - CHRONOLOGËSCHEN OFLAF VUN DEN AARBECHTEN

Ufank Abrëll 2024:

D’ Aarbechten um Daach vun der Kapell vum Klouschter hunn ugefaangen. Nom Opbau vum Gerüst

 
sinn déi al Leeë vum Daach erof geholl ginn. Duerno koum Daachpapp op déi al holze Schalung.

 

Mee 2024:

Wärend den Aarbechten uewen um Daach ass festgestallt ginn, dass déi 2 stenge Kamäiner (Südkamäin - lénks: Nordkamäin - riets) net nëmme restauratiounsbedürfteg waren, mee wierklech baufälleg sinn. Si musse ganz ofgebaut ginn, d’Natursteng restauréiert an de Kamäin mat neien Zillen erëm opgebaut ginn.
Fir d’Kamäiner ofzebauen huet den Daachdecker missen dat bestehend Gerüst erweideren a verstäerken.
Éischten Imprevu - Käschtepunkt TTC : 
10.820,55 €
 
Um Gerüst huet een och méi genau den Zoustand vun der Corniche an de Rampe gesinn an et huet sech eraus gestallt, dass eng Restauratioun dringend néideg war.

Zweeten Imprevu - Käschtepunkt TTC :
12.126,82 €

 

Wou een am Mee konnt um Gerüst stoen, ass festgestallt ginn, dass d’Daachgauben an esou engem schlechten Zoustand waren, d’Holz war extrem vum Wuerm befall an d’Glas vun de Fënstere war zum gréissten Deel ganz mat oder gebrach, esou dass decidéiert ginn ass nei Gauben ze bauen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Drëtten Imprevu - Käschtepunkt TTC:
12.810,80 €

 

Juni 2024:

D’Natursteng vun dem Südkamäin ginn erof geholl
 
an am Klausurgaart deposéiert fir restauréiert ze ginn.
 
De Kamäin gëtt ofgerappt

 
an e Modell gëtt gebaut fir ze kucken ob d’Dimensioune vun de neie rouden Zille passen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Juli 2024:

De neie Südkamäin gëtt erëm op den Daach gebaut.

Hei e puer Fotoe vum neie Südkamäin

 

Am Juli ginn och um Daach zu der Säit vum Klausurgaart duebel Laten ugemaach.

 

August 2024:

D’Säit zum Klausurgaart kritt déi éischte Leeën.

 

D’Leeën um Daach zum Klouschtergaart

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

August 2024:

De Nordkamäin ass ofgerappt ginn an d’Steng sinn an den Häfche geluecht ginn.

 

 Am August ass ausserdeem den Daach iwwert dem Altoerraum nei gedeckt ginn.

 

September 2024:

De Nordkamäin gëtt nei opgebaut.

 

Am Häfche ginn d’Natursteng vum Nordkamäin restauréiert.

 

 An der Tëschenzäit sinn d’Natursteng vun de Rampen restauréiert.

 

 An hei och de fäerdeg restauréierten Nordkamäin

 

 Am September kritt och den Daach zu der Säit vun der Rue Saint Benoît säin duebele Lattage.

 

Eng extra Plaz hu mer dem
DAACH VUM KLACKENTUERM vun der Klouschter-Kapell reservéiert.
An Juni haten d’Architekten an d’Statiker festgestallt, dass d’Balke bannen am Tuerm zu engem groussen Deel vum Holzwuerm befall waren

 

d’Schall Lucke vum Tuerm an esou engem schlechten Zoustand sinn, dass se net kënne reparéiert ginn mee musse komplett ersat ginn.

 

Ausserdeem ass festgestallt gi, dass de metalle Klackestull (dat stole Gerüst) renforcéiert muss gi fir d’Stabilitéit vum Tuerm ze optimiséieren. Duerfir krute mir en neien Devis vun enger spezialiséierter Firma.

 

Véierten Imprevu - Käschtepunkt TTC:
13.121,55 €

 

An da komme mer zum wichtegste Punkt vun de supplementären Ausgaben, der Restauratioun vum Klackentuerm:
Fënneften Imprevu - Käschtepunkt TTC:
110.530,54 €
 
Op dëse Punkt wëlle mer méi genau agoen.
Et huet sech eraus gestallt, dass et net méiglech war de Klackentuerm op der Plaz ze restauréieren an déi eenzeg Solutioun, déi fonnt ginn ass, war den Daach vum Klackentuerm of ze seeën an en an den Haff ze leeë fir en do ze restauréieren.
Eng grouss Entreprise, well gefaart gi war den Tuerm kéint bei dem Manöver ausernee briechen.
Hei nach e puer Fotoe vun der „aler Tuermspëtz” mam Kräiz

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 Spëtz mat Tuermkugel a Kräiz

Den 1. Oktober gouf eng Gondel (Nacelle) opgebaut fir un den Tuermdaach drun ze kommen an d’Spëtz ënnert der Kugel an dem Kräiz of ze bauen. Duerno sinn d’Leeë erof geholl ginn.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Ausserdeem ass d’Tuermkugel erof geholl ginn

 

et war leider näischt dran an der Kugel.

 

Den 3. Oktober 2024 war et dunn esou wäit.
E grousse Kran war prett fir den Daach vum Tuerm, deen entre-temps ofgeseet gi war, erof ze huelen fir en an der rue Saint Benoît zwëschen ze lageren.

 

 

 Als Éischt gëtt d’Kräiz vum Tuerm erof geholl.
 

Duerno ass den Daach vum Tuerm mam Kran an d’Strooss bruecht ginn.


 

D’Flèche kënnt am Héngerhaff un a gëtt do d'Béck geluecht.

 
Hei gesäit ee gutt a wéi engem Zoustand Deeler vum Holz sinn.

 
Den Rescht vum Tuerm mat de Schall-Lucken

 
De metallenen Klackestull ass agepaakt a waart drop restauréiert ze ginn.

 

Och d’Flèche ass agepackt ginn

a waart op déi nächste Rees ... bei de Zammermann fir, dass do déi néideg Aarbechten um Holz kënne gemaach ginn.

Dëst ass de Stand vun den Aarbechten op de 19. Oktober 2024.

Mir halen Iech weiderhin au courant.

 

Den INPA huet bestëmmt, dass dat aalt Kräiz mat der Monstranz erëm op d’Tuermspëtz montéiert gëtt.

1970 hat de Blëtz an de Klackentuerm geschloen. D’Kräiz aus geschmiedetem Eisen war 1971 bei Reparatiounsaarbechten duerch méi e liicht a modernt Kräiz ersat ginn.

Dat aalt Kräiz hat duerno seng Plaz am Klausurgaart.

 

Mir hunn hei 5 zousätzlech Aarbechten wat och zousätzlech Ausgabe mat sech bréngt:

D’Käschte vun den Aarbechten déi net virgesi waren belafen sech also op:
159.410,26 € TTC, also 46.744,02 € méi wéi an der Reserve virgesi waren.

De Gesamtbetrag fir d’Restauratioun vum Daach vun der Kapell
an dem Klackentuerm klëmmt domadden op: 713.905,15 € TTC

Fir deenen eenzelne Büroen a Firmen hir Acompten a Rechnungen ze bezuelen huet d’Association du Monastère de Peppange eng Ligne de crédit bei enger Lëtzebuerger Bank ugefrot an accordéiert kritt.

Eng zweet Demande fir eng Subventioun fir dës Aarbechten ass op den INPA geschéckt ginn.

Eng zousätzlech Promesse vum INPA géif eis eng Subventioun vu ± 36% op de Montant vun de zousätzlechen Aarbechten (Imprevuen 2, 3 a 5) accordéieren.

D’ «Association du Monastère de Peppange», d’Vereenegung vum Klouschter Peppeng, eng Vereenegung, déi am Joer 1932 vun de Benediktinerinne gegrënnt ginn ass an zënter hir de Proprietär vum Klouschter ass, hat en Opruff fir Don'en duerch Flyeren an de Chrëschtmaart 2022 lancéiert, war bis haut e grousse Succès.

D’Membere vun der Associatioun si frou an dankbar fir déi grouss Resonanz déi deen Opruff fonnt huet. Si suergen och haut nach ëmmer dofir, dass d’Klouschter weider bestoe kann, soen alle Spenderinnen a Spender e grousse MERCI fir d’Ënnerstëtzung.

All Don’en, déi d’Associatioun zënter Dezember 2022 kritt hunn an an Zukunft nach kréi wäert, ginn ausschliisslech benotzt fir d’Aarbechten um Daach vum Klouschter ze finanzéieren.

An engem Dokument vum Ministère de la Justice ginn d’Associatiounen kloer opgefuerdert eng däitlech Transparenz an hire Konten ze hunn an duerfir wëlle mir Iech hei och de genaue Stand vun den Don’en, déi op eise Bankkonten erakomm sinn, matdeelen.

Vum Dezember 2022 bis Mëtt Dezember 2024 hu mir op de Konte vun eiser Associatioun ronn 57.438,80 € gespent krut:

Bei de verschiddene Banke vun der Klouschter-Associatioun si bis haut gespent ginn:

BCEE:                            24.920,00 €
Dozou gehéieren d’Don’en déi direkt op dëse Konto iwwerwise gi sinn, d’Don’en déi iwwert de FOCUNA (FOnds CUlturel NAtional e Service vum Ministère de la Culture) era komm sinn och als Don’en zum Gedenke fir zwee Verstuerwener.

CCP:                                 9.760,00 €
Dëst sinn Direkt-Iwwerweisungen op de Konto bei der Post.

BGL:                              22.758,80 €
Hei handelt et sech ëm Don’e vun der Chrëscht- a Wantermaart - Associatioun, vun de Verkeef vun der AMP am Klouschterstall vun Holzbeemercher, Chrëschtbullen, Gebäck, asw. duerch d’Membere vun eiser Klouschter-Vereenegung.
Ausserdeem waren och do Direkt-Iwwerweisungen op de Konto vun der BGL.

Nach eemol e ganz grousse MERCI un all Mënschen, déi en Don fir d’Klouschter gemaach hunn.

Mir halen Iech och weiderhin am Bild iwwert de Fortschrëtt vun den Aarbechten.
D’Missioun an den But vun eiser Associatioun ass deen d’Klouschter vun de Benediktinerinnen ze erhalen fir et ze erméiglechen, dass an Zukunft eng reliéis Gemeinschaft am Haus liewe kann.

Virun e puer Wochen ass op dem däitsche Fernseh eng 3-deeleg Dokumentatioun iwwert d’Zisterzienser (déi och no der Reegel vum Hellege Benedikt liewen) gesent ginn „Das Vermächtnis der Zisterzienser”.

De Schlusssaz vum leschten Deel war follgenden:
Wie oft hat für die Klöster und ihre Gemeinschaften das letzte Stündlein geschlagen. Wie oft haben Naturgewalten, politische Wirren, menschliches Versagen den Niedergang eingeläutet. Und dennoch gab es Neuanfänge, Schwestern und Brüder denen es zu verdanken ist, dass Klöster nicht als Museen erstarren, sondern spirituelle Orte bleiben.

Fir eis bei dëser Missioun ze ënnerstëtze, si mir weiderhin op Spenden ugewisen.

En Don op de Konto vum FOCUNA
FONDS CULTUREL NATIONAL

BCEELULL: LU24 0019 4655 0203 7000

mat der Mentioun
„2022/122 Monastère de Peppange”
ass STEIERLECH OFSETZBAR

En Don op de Konto vun der A.s.b.l.
Association du Monastère de Peppange

BGLLLULL: LU09 0030 4964 6054 1200

ass leider NET steierlech ofsetzbar.

De Chantier vun der Restauratioun vum Daach vun der Kapell huet ugefaang.

 

IMG 9438 comp
De Montage vum Gerüst vum Klausursgaart aus gesinn